Ee Gesicht,
wat s du net wëlls gesinn
Een Numm,
deen s du vergiess hues.
Ee Gefill,
dat s du net kenns.
Et tu dis que c’est de ma faute ?
Du stells dech iwwert mech, iwwert eis, iwwert déi, déi schonn um Rand stinn.
Un deem Rand, deen s du net gesäis.
Ze faul, ze futti, ze vill
Ze faul, ze futti, ze vill
Mee d‘Wouerecht, déi gesäit anescht aus.
Si sëtzt an eidelen Täschen.
Knabbert um leschte Stéck Brout.
Luusst duerch d’Suergefalen,
déi s du net kenns.
A ween huet hei d’Recht ze urteelen?
Aarmut bleift onsichtbar.
Am Schiet vun äre Meenungen,
äre Virurteeler,
ärer Onwëssenheet.
Mee si ass ëmmer do, hannert dengem Réck,
waart se, lauert se, krallt se sech fest.
Si verdreift dech an hëlt dir deng PLAZ.